Club

Historique

Am Joer 1937 ass op Initiativ vun de Bridder Jean-Pierre a Marcel Homann de "CAPIP 1937 Luxembourg" (Cercle amical de Ping-Pong) gegrënnt ginn, an zwar an der Stad Lëtzebuerg am Garer Quartier.

An et war 1939 wou zu Dummeldeng een - war et den Jemp Krecké, René Reding oder Léon Fournelle - op d'Iddi komm ass fir Dëschtennis ze spillen.

Den 9. Juni 1976 hunn déi zwee Veräiner fusionéiert, a vun do un ënnert dem Numm "Dëschtennis Capip/Dommeldange" gespillt.

Trophäen

Wéi dunn, Ufank 1986, de fusionéierte Veräin d'Rechtsform vun enger 'association sans but lucratif' ugeholl huet, ass den Numm ofgekierzt ginn op "Dëschtennis CADO".

Wëll d'Gemengeverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg dem Veräin eng wonnerschéin Sportshal am Centre des Sociétés um Lampertsbierg zur Verfügung gestallt huet, ass decidéiert ginn fir den, haut nach aktuellen, Numm "Dëschtennis CADO Limpertberg" unzehuelen.